CGDIS3 Accidenter mat 2 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
An zu Buddeler hunn Hecken an zu Déifferdeng Blumme gebrannt.

E Samschdeg den Owend kuerz no 17.30 Auer ass e Motocyclist tëschent Wolz a Kautebaach gefall an dobäi blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Ambulanz vun Housen an d'Pompjeeë vu Wolz.

Géint 20.45 Auer sinn zu Diddeleng an der Rue de la Paix zwee Autoen aneneegerannt, och hei gouf eng Persoun blesséiert. Pompjeeën a Ambulanz vun Diddeleng waren op der Plaz.

A kuerz no 2 Auer an der Nuecht op e Sonndeg ass zu Diddeleng an der Rue de la Libération en Auto an eng Mauer gerannt, hei ass kengem eppes geschitt.

Dann huet et zweemol gebrannt: Zu Buddeler stoung um 18.40 Auer eng Heck a Flamen an zu Déifferdeng an der Rue Roosevelt gouf et e Brand an engem Gaart. Och hei ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO