
Ënnert anerem mat dësen Affäre gouf sech de Méindeg de Moien um Stater Geriicht beschäftegt. Ugeklot waren 3 jonk Männer am Alter tëscht 22 an 29 Joer.
D'Tëschefäll wéinst deene si sech ze veräntweren haten, goungen op den Zäitraum September bis November 2018 zréck. De Jéngste vun deenen 3, 22 Joer al, stoung dobäi nees wéinst vill ze séierem Fuere virum Riichter.
Am September hat eng Policepatrull de Mann op der Escher Strooss an der Stad a Richtung Escher Autobunn gekräizt. Fir d'Beamte war de Mann ze séier ënnerwee, soudass si gedréint a probéiert hunn, hien ze stoppen. Et sollt am Ufank beim Versuch bleiwen an dat obwuel si selwer 140 bis 150 drop haten, wéi dee Polizist, deen deemools um Steier souz, ausgesot huet. Och nom Tunnel zu Märel wäre si dem schëtzege Chauffeur "zu kengem Moment méi no komm". Dobäi hate si dee Moment 190 um Tacho. Op der Héicht vun der Sortie Leideleng wär den Automobilist dunn awer méi lues ginn a stoebliwwen. D'Beamten hunn um Büro 1,42 Promill beim Mann festgestallt, dee sot, an enger Disko gewiescht ze sinn.
"Dir sidd gär séier ënnerwee. Dat ass extrem geféierlech an et gëtt nach méi geféierlech, wann een dobäi drénkt", huet de President vum Geriicht dem Mann an d'Gewësse geriet. "Wat soll ech soen?", war dem jonke Mann seng Äntwert dorop. "Wann ech eng Schlupp Alkohol gedronk hunn..." - "Dann ass et einfach null. Entweder dat eent oder dat anert. Iergendwann gëtt et Prisong, well dann hu mer keng aner Léisung méi. Et geet elo duer. Dat ass déi zweet Alkohol- an déi xte Vitesseaffär an Ärem Alter.", huet de President gemengt. Well d'Faiten erwise wären an en Aveu virléich, huet de Vertrieder vum Parquet eng ugemoosse Geldstrof, e Fuerverbuet vun 20 Méint an d'Confiscatioun vum Auto gefrot. Dës Kéier géif nach keng Prisongsstrof gefuerdert ginn, d'nächst Kéier awer.
En zweeten Ugeklote war am Oktober zu Rodange mat engem Cross-Moto ënnerwee, ouni Placken, ouni Assurance, ouni Führerschäin - hien hat nach ni een. Trotz Fuerverbuet an ënner Afloss vu Cannabis. Den 29 Joer ale Beschëllegten hat sengerzäit an der Lonkescher Strooss Gas ginn, well "d'Kollege laanschtkomm sinn": Domat war eng Policepatrull gemengt. Déi hat Demi-tour gemaach a war dem Motocrosser hannendru gefuer, mat 140 um Tacho. Dobäi ware bei guddem Wieder awer Leit ënnerwee. De Mann ass dunn duerch Rout gefuer, obwuel eng Fra um Zebrasträif war; déi hat der Police gesot, wou hien higefuer wär. An enger Cité hunn d'Beamten de Moto gesinn um Buedem leien, mam Mann donieft, dee war duerch eng Heck erduerch gefuer an an e Potto gerannt. "Wann een näischt am Kapp huet", huet de Mann säin Optrëtt e Méindeg betitelt. D'Rechnung kéint deier ginn, well de Vertrieder vum Parquet huet 6 Méint Prisong, eng ugemoosse Geldstrof, e Fuerverbuet vun am Ganze 54 Méint an d'Confiscatioun vum Cross-Moto verlaangt.
Am November dann hat e Mann vun 28 Joer op der Rouder Bréck an der Stad en Accident gebaut, wéi hien enger Automobilistin hannendrop gerannt war. En 1. Alkoholtest hat nach 3,68 Promill ugewisen, den zweeten um Büro awer "nëmmen nach" 2,5. Kee Wonner bei 7 bis 8 Glühwäin, déi de Mann zouginn hat, gedronk ze hunn. Nodeems déi zwee aus hire Gefierer geklomme waren, hätt de Mann gelaacht, der Fra d'Telefonsnummer vun der Police net wëlle ginn an hir och net wëlle soen, wou si genee wär. An dësem Fall huet de Vertrieder vum Parquet eng ugemoosse Geldstrof an e Fuerverbuet vun am Ganze 40 Méint gefuerdert.
An déi 3 Uerteeler ginn den 18. Mäerz gesprach.