Infrastrukturprojeten am Spidolswiesen3 aktuell Projete brauchen en eegent Finanzéierungsgesetz

RTL Lëtzebuerg
An der Chamberkommissioun vum Contrôle budgétaire goung et e Méindeg ëm den Avancement vu verschiddenen Infrastrukturprojeten am Spidolswiesen am Land.
© Domingos Oliveira

En Exercice, deen zwee mol d’Joer gemaach gëtt. 3 aktuell Projete brauchen deemno en eegent Finanzéierungsgesetz:

Notamment dat neit Gebai vum CHL, dat 2028 soll stoen, a wou de Staat sech mat 676 Milliounen Eurp bedeelegt.

D’Modernisatioun an den Ausbau vun der Zitha-Klinik, mat enger budgetärer Enveloppe vu knapp 62 Milliounen.

An dat zukünftegt Südspidol, dat jo Retard kritt, a wou de Budget am Laf vum Joer nei muss berechent ginn. Aktuell ass do mol eng staatlech Participatioun vu 567 Millioune virgesinn.

Da stinn awer scho weider Projeten op der Lee. Beispillsweis eng nei Reha-Klinik fir den CHNP, wou d’Aarbechten an 2 Joer sollen ufänken oder eng Dages-Klinik fir Drogesüchteger op der Stater Gare.

Back to Top
CIM LOGO