
Géint 19 Auer gouf et op der Theaterplaz an der Stad eng Kollisioun tëscht engem Cyclist an engem Auto. Wéi d’Police nach präziséiert, gouf de Motocyclist liicht verwonnt a koum fir eng Kontroll an d’Spidol.
Zu Esch krute sech géint 19.10 Auer en Auto an e Moto ze paken an zu Hengescht ass kuerz virun 21 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. Och hei gouf et allkéiers ee Blesséierten. En Drogentest bei béide Chaufferen ass positiv ausgefall, beim Automobilist koum och nach e positiven Alkoholtest dobäi. Si kruten allebéid e Protokoll, de Chauffer vum Auto krut donieft de Permis ofgeholl.