
En Donneschdeg géint 12.15 Auer sinn zu Péiteng, Porte Lamadelaine, en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Den Escher Samu gouf op Plaz geruff, grad ewéi d’Ambulanz vu Péiteng an d’Pompjeeë vu Käerjeng a Péiteng.
Op der A6 a Richtung Stad, an der Bretelle fir op d’A4 si géint 15.30 Auer 3 Autoen anenee gerannt. Och hei gouf 1 Persoun verwonnt. D’Pompjeeën aus der Stad an d’Ambulanz vu Mamer waren am Asaz.
Quasi ëm déi selwecht Zäit ass op der Streck tëscht Kautebaach an Nacher e Motocyclist mat senger Maschinn gefall. D’Pompjeeë Kiischpelt an d’Ambulanz vu Wolz hu sech ëm de Blesséierte Motocyclist gekëmmert.