CGDIS3 Blesséierter bei 3 Accidenter um Donneschdeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Géint 6.45 Auer sinn en Auto an e Moto tëscht Käerjeng an Nidderkuer net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf blesséiert.

Op der Plaz war d'Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng, grad wéi den Asazzenter vu Käerjeng.

Kuerz no 9 Auer sinn an der Stad an der Rue de Neudorf 2 Autoen anenee gerannt. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert. D'Ambulanz vu Jonglënster an den Asazzenter aus der Stad waren op der Plaz.

Géint 10 Auer gouf zu Féiz an der rue du Brill eng Persoun vun engem Auto ugestouss. Den Asazzenter vu Monnerech an d'Ambulanz vun Diddeleng goufe geruff.

Back to Top
CIM LOGO