
Kuerz no 7 Auer ass an der rue Emile Mark zu Déifferdeng eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. D'Ambulanz vu Esch/Uelzecht an d'Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng waren op der Plaz.
Um 8.30 ass zu Stroossen an der Chaussée Blanche en Automobilist mat sengem Gefier an eng Mauer gerannt. D'Pompjeeën aus der Stad an d'Ambulanz vu Mamer goufen an den Asaz geruff.
Géint 10.30 Auer dunn huet et op der N7 gerabbelt, tëscht dem Fridhaff a Lëpschent. Hei ass en Auto an de Leitplanke gelant. D'Ambulanz vun Ettelbréck an d'Pompjeeë vu Buerschent waren op der Plaz.
Bei deenen 3 Accidenter gouf all Kéiers 1 Persoun blesséiert.