CGDIS3 Blesséierter bei Accident tëscht dem Waldhaff an Dummeldeng

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend géint 20.20 Auer koum et op der N11 zu enger Kollisioun tëscht 3 Gefierer, woubäi dann och 3 Persoune verwonnt goufen.
© CGDIS

Nieft de Pompjeeë vun Nidderaanwen waren och d'Ambulanzen aus der Stad a vu Jonglënster op der Plaz.

Géint 21.10 Auer gouf zu Déifferdeng an der Avenue Charlotte eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng goufen an den Asaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO