
Géint 1.20 Auer gouf et e Brand an engem Haus zu Chrëschtnech, bei deem 3 Persoune blesséiert goufen. Wéi de CGDIS op Facebook schreift, hätten déi dräi Persoune misste mat Stréckleederen aus dem 1. Stack evakuéiert misste ginn. Donieft wieren och 3 Kazen aus dem Haus gerett ginn.
Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Fiels, vun Iechternach, Jonglënster, Waldbëlleg, Konsdref an de Samu vun Ettelbréck.
Iwwerdeems gouf et en Dënschdeg den Owend kuerz virun 19 Auer e Feier an enger Kichen an der Stroossbuerger Strooss am Garer Quartier. D’Pompjeeën aus der Stad waren hei fir eng Kontroll op der Plaz.