Esch/Uelzecht3 Blesséierter bei Frontalkollisioun am Rond-point Raemerich

RTL Lëtzebuerg
Jeeweils 2 Autoe krute sech an der Nuecht op e Sonndeg am Süde vum Land ze paken.
© Police-Archivbild

Déi éischte Kéier hat et kuerz no 1 Auer an der Rue Michel Rodange gerabbelt. 1 Persoun gouf dobäi verwonnt.

Am Rond-point Raemerich si géint 4 Auer an der Nuecht zwee Autoen net laanschtenee komm.Wéi d'Police schreift, ass de Chauffer mat sengem Gefier an de Géigeverkéier geroden an do frontal mat engem anere Won kollidéiert. Wéi sech op der Plaz erausgestallt huet, hat hien Alkohol consomméiert. Säi Permis gouf agezunn. Hien a säi Bäifuerer goufen net blesséiert. 3 Leit, déi an deem aneren Auto souzen, goufen iwwerdeems liicht verwonnt. Bei béide Ween wier de Materialschued grouss, sou nach d'Police.

Back to Top
CIM LOGO