
Aktuell sinn 67 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 21 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.071.0893 Impf-Dosisse genotzt. 7.135 Leit sinn en Donneschdeg geimpft ginn.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 218,28 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 193,90 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,53. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.