Op eise Stroossen3 Foussgänger an 1 Cyclist an de leschte Stonnen ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt si vu en Dënschdeg op e Mëttwoch am Ganze siwe Persounen am Verkéier blesséiert ginn.
© RTL

Um Mëttwoch

E Mëttwoch de Moie géint 7.30 Auer ass zu Hesper an der Rue de Bettembourg eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. De Blesséierte gouf vum Samu an de Rettungsdéngschter aus der Stad a vun Hesper versuergt.

Zu Schieren um Nei Wee ass da géint 8 Auer en 9 Joer alt Meedche vun engem Auto ugestouss ginn wéi et iwwert den Zebrasträifen gaangen ass. De Chauffer hat d'Meedchen eegenen Aussoen no ze spéit gesinn a konnt trotz Vollbremsung d'Accident net méi verhënneren. D'Kand ass op der Plaz versuergt ginn a koum an d'Spidol. Och hei war de Samu nieft de Rettungsdéngschter vu Colmer an Ettelbréck op der Plaz.

Géint 10.40 koum et dann zu Lëntgen an der Route de Diekirch zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Och hei gëtt et ee Blesséierten. D'Rettungsdéngschter vu Lëntgen waren am Asaz.

Um Dënschdeg

Am Lokale mellt de CGDIS eng Persoun, déi en Dënschdeg Owend géint 20 Auer zu Péiteng an der Rue Pierre Gregoire ugestouss a blesséiert ginn ass. Nieft de lokale Secouriste war och de Samus-Noutdokter am Asaz.

Och zu Beetebuerg op der Place de la Gare gouf eng Persoun ugestouss a blesséiert, dat ëm kuerz virun 19 Auer. Hei hat d'Automobilistin uginn, d'Persoun wéinst de Wiederkonditiounen ze spéit gesinn ze hunn. D'Affer gouf vum Spigel vum Auto getraff a liicht verwonnt.

Zwee weider Autosaccidenter mat jeeweils engem Blesséierte goufen et um Owend géint 18.45 Auer um CR169 tëscht Steebrécken a Leideleng, wéi en Auto an e klenge Bam gerannt war an net blesséiert gouf, an zu Sëll op der Rue Principale géint 2 Auer moies. Hei gouf de Chauffer, deen ze vill gedronk hat, liicht verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO