
E Mann gouf vun 3 onbekannte Jugendlechen attackéiert. D’Affer huet dobäi direkt e puer Verletzungen dovu gedroen. Déi 3 Täter sinn no der Dot an onbekannte Richtung fortgelaf.
An deem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien, respektiv freet no Informatiounen zu den Täter. Indicë si fir d’Police Déifferdeng, dat ënnert der Nummer (+352) 244 53 1000 oder iwwer Mail op Police.DIFFERDANGE@police.etat.lu.
Net wäit ewech, zu Esch, koum et e Samschdeg den Owend zu engem Brand vun engem Auto an der Rue Arthur Useldinger. Éischten Informatiounen no haten 2 Persounen den Auto geparkt, a Brand gestach a si fortgelaf. De Brand konnt vun engem Passant op der Plaz séier geläscht ginn. No kuerzer Sich konnten déi 2 Verdächteg gestallt an op de Policebüro bruecht ginn. Weider Ermëttlunge goufen ageleet.