Zu Bartreng mam Auto bäigaangen3 Leit goufe verwonnt a wollten d'Police dobäi nach beducksen

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et géint 2.30 Auer zu engem Accident zu Bartreng.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

En Automobilist ass do an der Rue Gaston Thorn mat sengem Gefier am Gruef gelant. Si hate geschriwwen, dass véier Leit blesséiert gi wieren.

Wéi d’Police an dann awer hirem Bulletin präziséiert, krute si den Accident op der Héicht vun enger Parkplaz zu Bartreng gemellt. Si hunn de Won do och um Daach virfonnt. Zwee Passagéier waren amgaangen no engem ze kucken, deen um Kapp blesséiert gouf. Op Nofro, wie gefuer wier, kruten d’Beamte gesot, dass de Chauffer geflücht wier. Si kéinte sech soss un näischt erënneren.

Ma déi Geschicht war sou net ganz richteg.

Op der Sich no de Pabeiere vum Auto ass der Police fir d’éischt en Alkoholgeroch opgefall. Dunn ass de Polizisten nach opgefall, dass e puer wäisser Turnschong bei de Pedalle géinge leien. De blesséierte Passagéier, ëm dee sech d’Kolleege gekëmmert hunn, hat keng Schong un. D’Beamten hunn eent an eent zesummegezielt. Donieft war den Auto och op déi Persoun ugemellt. En Alkoholtest war positiv, grad wéi e Cannabistest.

Weider Virfäll

Géint 22 Auer krut d’Police e Chauffer op der A7 a Richtung Fridhaff gemellt, deen déi ganzen Zäit géif d’Pylonen am Tunnel Gousseldeng/Miersch ëmfueren. Hie wier och e puer Mol bal an d’Leitplanke geknuppt. Den Zeien huet gemengt, do wier wuel Alkohol am Spill. Eng Policepatrull huet den Automobilist spéider gestoppt a kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi mol provisoresch fort.

Weider huet de CGDIS nach gemellt, dass et e Samschdeg de Moie kuerz virun 9.30 Auer op der Areler A6 op der Héicht vum Zéissenger Kräiz gerabbelt huet. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO