Delai verlängert3 Méint méi Zäit, fir sech a Registre des bénéficiaires effectifs anzeschreiwen

RTL Lëtzebuerg
Entreprisen, Gesellschaften an Associatiounen kréien 3 Méint méi Zäit, fir hir „Beneficiaires effectifs” am Handelsregester anzeschreiwen.
Beneficiaires effectifs: Delai fir Aschreiwunge verlängert
Entreprisen, Gesellschaften an Associatiounen kréien 3 Méint méi Zäit, fir hir „Beneficiaires effectifs” am Handelsregester anzeschreiwen.

„Luxembourg Business Registers“ huet dat en Donneschdeg an der Mëttesstonn matgedeelt.

Normalerweis sollten d’Societéiten an ASBL’en bis Enn dës Mounts uginn hunn, wien um Enn vun enger Societéit profitéiert, respektiv wien eng ASBL dirigéiert. Anerefalls hätte se Strofe vun 1.250 vis 1.250.000 Euro riskéiert.

Trotz sëllechen Appellen a Rappellen a Mediecampagnen hate virun Deeg nach net emol d’Hallschent vun de ronn 130.000 Gesellschaften an ASBL’en hir Deklaratiounen agereecht.

Kleng Betriber an ASBLe froen dacks, wéi se wat musse maachen, fir sech am Registre des bénéiciaires effectifs anzeschreiwen.

Falls keng physesch Persoun méi wéi 25% vun de Parten oder vum Pouvoir huet, da muss just d’Féierungspersoun oder den Administrateur ageschriwwe ginn.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO