
Hinne gëtt virgehäit, am Zäitraum vun 2004 bis 2010 als Optiker Clienten deier Brëlleglieser bestallt a bezuele gelooss ze hunn; d'Leit kruten awer am Endeffekt méi bëlleger, woubäi d'Beschëllegt d’Differenz an d’Täsch gestach hätten.
Et geet vu ronn 2.600 Rechnungen an deem Sënn an engen 2.050 Geschiedegte Rieds. Concernéiert ware Cliente vun 9 Brëllebutteker aus zimlech allen Ecker vum Land.
Et hat alles mat der Plainte vun enger Fra ugefaangen, déi ë.a. vun Irregularitéite mat Cliente geschwat hat, déi Saache bestallt, awer anerer kritt hätten: Dat sot den zoustännegen Enquêteur vun der Police. D'Fra, déi fir eng vun de Societéiten, ëm déi et geet, geschafft huet, hätt och Beweiser an deem Sënn virgeluecht. No hirer Auditioun war den Dossier un de Parquet gaangen. An der Haaptsaach hat sech d'Fra awer als Associé ugeschmiert gefillt, well si 50.000 € an eng Societéit gestach hat, déi awer just mat engem Kapital vun 12.500 € gegrënnt gouf, woubäi d'Differenz op de Privatkont vum Haaptbeschëllegte gaange wär. An deem Kontext wären och déi falsch Glieser op d'Tapéit komm, an et hätt sech gewisen, dass méi Societéiten an deem Kontext a Fro kéimen.
No där Plainte wär et zu Verhéier an zu Perquisitioune komm. An den Auditioune wären d'Aussoen um Enn identesch gewiescht, am Sënn, dass et an alle Societéiten déiselwecht Geschäftspraxis gouf; et wär dobäi ëmmer nees de Saz gefall «Et gouf schonn ëmmer sou gemaach!» D'Praxis huet sou ausgesinn, dass fir d'éischt mam Client e Gespréich gefouert, dunn eng Commande gemaach an dono am Computerprogramm gekuckt gouf, ob aner, méi bëlleg Glieser passe géifen; déi goufen da bestallt, ma déi méi deier verrechent. D'Clienten hätten e Katalog vun Zeiss virgeluecht kritt, an et wär net vun enger Alternativ dozou Rieds gaangen, sou de Polizist. «D'Cliente kruten also en deiert Glas virgegaukelt, awer e mannerwäertegt agesat?», huet de President vum Geriicht gefrot. Et wären aner Glieser bestallt ginn, fir de Benefiss méi grouss ze maachen, huet den Enquêteur geäntwert; fir den Haaptugeklote wären déi allerdéngs kee Schrottproduit gewiescht. «Déi waren awer net op de Client zougeschnidden!», huet de Riichter ze bedenke ginn.
Dëse Prozess ass op am Ganze 4 Sëtzungen ugesat.