Séier ënnerwee3 Permise fort op der N15 an Direktioun Bitscht

RTL Lëtzebuerg
Op der N15, um Schumannseck an Direktioun Bitscht, waren en Dënschdeg den Owend nawell presséiert Chaufferen ënnerwee.

Wärend enger Vitesskontroll huet d'Police bannent nëmme 35 Minutten 3 Führerschäiner agezunn, well déi betraffe Chaufferen ze séier ënnerwee waren.

Ee vun hinnen gouf mat 144 Kilometer an der Stonn geblëtzt, amplaz den erlaabten 90. En zweete Chauffer hat souguer 163 Kilometer an der Stonn um Tacho stoen an en drëtte gouf mat 157 Kilometer an der Stonn gestoppt.

Déi dräi Automobilisten goufe protokolléiert an hu mussen op der Plaz hire Permis ofginn.

Och zu Esch war kuerz no 1 Auer war e presséierten Automobilist ënnerwee. Der Police war en Auto gemellt ginn, deen därmoosse séier duerch d'Rue du Turin an aner Niewestroosse gerannt ass, dass d'Pneue gequiitscht hunn.

Eng Policepatrull ass op d'Plaz kucke gefuer a konnt de Chauffer kuerz drop ermëttelen. Hien hat eppes gedronk, de Wäert louch awer ënner 1,2, sou datt et bei engem Protokoll bliwwen ass.

Back to Top
CIM LOGO