
An der Nuecht op e Samschdeg huet d'Police op Uerder vum Parquet Alkoholkontrollen zu Rouspert an Iechternach duerchgefouert. 146 Persoune goufe kontrolléiert, bei engem ass den Test positiv ausgefall. Hie war de Fürerschäin nach op der Plaz lass.
Zu Gréiwemaacher gouf e Chauffeur gemellt, deen op der Géigespuer ënnerwee war a bal en Accident verursaacht hat. D'Police konnt den Automobilist stoppen an huet no engem positiven Alkoholtest de Fürerschäi missen anzéien.
Zu Diddeleng gouf d'Police wéinst enger Persoun geruff, déi an engem Café domat gedreet huet, Leit ze schloen. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, huet de Mann sech mat sengem Auto duerch d'Bascht gemaach. Hie konnt awer vun der Police gestoppt ginn. Wéi sech erausgestallt hat, hat hien net just ze vill gedronk, mä och kee gültege Führerschäin dobäi an e limitéiert Fuerverbuet. De Parquet gouf informéiert.
Kuerz no Mëtternuecht gouf en accidentéierte Won mat 5 Persoune gemellt, deen op der Insel vum Rond-point Rammerech stoung. Et gouf kee blesséiert. De Chauffeur huet erkläert, datt e falscht Manöver dozou gefouert huet, datt hien den Trottoir mat engem Pneu ze pake krut an deen du futti gaangen ass. D'Airbagge sinn opgaangen an d'Gefier gouf bis an d'Mëtt vum Rond-point geschleidert. De Chauffeur, deem säin Alkoholtest positiv war, huet säi Permis missen ofginn.