
Wärend dräi Stonne goufen op der N11 d’Motorrieder kontrolléiert. Nieft der Vitess, stoungen och d’Equipement vum Motorradsfuerer, den techneschen Zoustand vun der Maschinn wéi och d’Dokumenter am Virdergrond.
41 Verstéiss goufe géint de Code de la route festgestallt. Déi erlaabt Vitess op der Streck (90 km/h) gouf vun 31 Motocyclisten net respektéiert. Si kruten ee Protokoll. An dräi Fäll gouf de Permis ofgeholl an e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.
Dat goufen awer och Motocycliste mam Handy erwëscht an a 5 Fäll waren d’Dokumenter net an der Rei.
Weider Informatiounen iwwert d’Verkéierssécherheetscampagne “Moto” 2022 fannt Dir um Internetsite vun der Police.