Coronavirus zu Lëtzebuerg3 weider Persoune gestuerwen, vu 409 Tester waren der 34 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 628 läit.
© RTL

Aktuell si 79 Persounen hospitaliséiert, dovunner 16 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.613 aktiv Infektiounen an 50.931 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO