Coronavirus zu Lëtzebuerg3 weider Persoune gestuerwen, vun 10.243 Tester waren der 233 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 619 läit.
© RTL

Aktuell si 74 Persounen hospitaliséiert, dovunner 17 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.745 aktiv Infektiounen an 50.198 Persoune gëllen als geheelt.

983 Persoune kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis, fir 218 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 27.119 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO