Coronavirus zu Lëtzebuerg3 weider Persoune gestuerwen, vun 12.516 Tester waren der 324 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 632 läit.
© RTL

Aktuell sinn 80 Persounen hospitaliséiert, dovunner 16 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.982 aktiv Infektiounen a 51.064 Persoune gëllen als geheelt.

823 Persoune kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 622 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 33.370 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO