
30 Méint Prisong, wouvun d'Halschent fest ass an déi aner mam Sursis probatoire: Zu där Strof ass um Donneschdeg schonn um Dikrecher Geriicht eng Fra veruerteelt ginn, déi wéinst Abus de faiblesse de Prozess gemaach kritt hat. D'Oplo besteet doran, dass si dem Affer all Mount op d'mannst 1.000 € bezilt. Dat huet net grad 30.000 € Schuedenersatz zougesprach kritt.
Der Fra war virgehäit ginn, tëscht Mäerz an August 2017 zu Klierf en eelere Mann ausgenotzt ze hunn. Ënner anerem hätt si sech en Auto vu ronn 20.000 Euro € schenken an eng 610.000 Euro iwwerweise gelooss, fir en Haus zu Wäisswampech! Déi lescht genannten Zomm war saiséiert ginn. D'Affer kritt déi Suen elo zréck.