
Aktuell sinn 51 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 9 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 870.082 Impf-Dosisse genotzt. 3.227 Leit sinn en Donneschdeg geimpft ginn. 423.883 Leit gëllen als komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,14. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. D'Santé zielt aktuell 3.270 aktiv Infektiounen.