CGDIS31 nei Beruffspompjeeë goufe vereedegt

RTL Lëtzebuerg
Dëse Freideg goufen am Centre national d'incendie et de secours (CNIS) 31 professionell Pompjeeë vereedegt.
31 nei Beruffspompjeeë goufe vereedegt
Dëse Freideg goufen am Centre national d’incendie et de secours (CNIS) 31 professionell Pompjeeë vereedegt.

A Presenz vum Colonel Steve Mack, dem Inneminister Léon Gloden, dem President vum Verwaltungsrot Alain Becker an dem Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder, gouf dës Zeremonie duerchgefouert. Och Familljememberen a Frënn vun den neie Beruffspompjeeë konnten der feierlecher Zeremonie bäiwunnen.

De Paul Schroeder huet a senger Ried op d’Wichtegkeet vun de Pompjeeën hirer Aarbecht verwisen, an dass déi frësch Vereedegt hir Uniform mat Houfert kënnen droen.

De Léon Gloden huet dem CGDIS-Personal Merci gesot fir hiert Engagement, an drun erënnert wéi enge Risike si ausgesat sinn. Dofir wier et wichteg, dass se déi néideg Moyenen zur Verfügung gestallt kréien, grad ewéi déi néideg Formatiounen.

Fir dann och nach weider Leit fir de Beruff ze begeeschteren, gëtt et dëst Joer eng weider Rekrutéierungscampagne. D’Kandidature kënne vum 13. Mäerz bis 12. Mee erageschéckt ginn.

De 16. Mäerz gëtt et dann och en Informatiounsdag, wou een all seng Froe ka stelle kommen.

Back to Top
CIM LOGO