
Zuelen, déi RTL op Nofro hi vun der Direktioun vum Enregistrement, vun den Domainen a vun der TVA krut, weisen, datt et d’lescht Joer en Drëttel (- 32,3%) manner esou Akte gouf par rapport zu 2022. Esou goufen et d’lescht Joer just nach bësse méi ewéi 11.000 Notairesakten. Am Verglach mat 2021 huet sech d’Zuel bal hallwéiert (- 41,4%). Esou goufen et d’lescht Joer 11.249 “Actes notariés avec mutations immobilières”. 2022 waren et der nach 16.607 an 2021 19.201. Ënnert de Begrëff “Actes notariés avec mutations immobilières” falen esouwuel Venten, Venten vun Immobilien, déi nach net fäerdeg gebaut sinn (sougenannt VEFA, Ventes en état de futur achèvement), mee och Donatiounen, Echangen oder wann Immobilië gedeelt ginn. Et falen och all Zorten vu Immobilien ënnert dee Begrëff, also esouwuel Haiser, ewéi Appartementer oder Terrainen.
D’Zuele vum Enregistrement confirméieren deemno kloer, datt zanter d’Europäesch Zentralbank den Haaptleetzëns Mëtt 2022 ugefaangen huet, an d’Luucht ze setzen, d’Transaktiounen um Immobiliëmarché staark ofgeholl hunn. Besonnesch déi lescht Méint vun 2023 ass d’Zuel u Mutatiounen agebrach. Am Dezember goufen et der just nach 780. Esou wéineg gouf et keen anere Mount an de leschten 3 Joer. De stäerkste Réckgank a Prozenter ausgedréckt an op ee Joer gekuckt gouf et am Mee d’lescht Joer. Do gouf et bal 43% manner Mutatiounen ewéi de selwechte Mount d’Joer virdrun.
Déi lescht Zuele vum Statec a vum Observatoire de l’habitat, déi ginn op den drëtten Trimester 2023 zeréck. Och déi hu schonn den Trend no ënne bei den Transaktioune gewisen, mee déi Zuele betreffe just d’Vente vun Appartementer a sougenannt VEFA.
Wéinst dem Réckgang vun der Aktivitéit um Immobiliëmarché an deemno der Aktivitéit am Bau, huet déi viregt Regierung d’lescht Joer schonn éischt Mesuren ënnerholl, fir de Secteur ze stimuléieren. Déi nei Regierung ass d’lescht Woch nach méi wäit gaangen, andeems de Chômage partiell fir verschidde Branchë vum Bausecteur opgemaach goufen. De Finanz- an de Logementsministère preparéieren donieft weider Mesuren, dorënner steierlech Virdeeler, fir de Marché nees unzekuerbelen.