D'Regierung huet d'Kris am Bausecteur e Mëttwoch de Moien offiziell aktéiert.

Nom Regierungsrot hunn den Aarbechtsminister Georges Mischo an de Wirtschaftsminister Lex Delles dat um RTL-Mikro confirméiert. Den LCGB-President Patrick Dury hat et um Radio 100,7 e Mëttwochmoie schonn duerchklénge gelooss. De Bausecteur ass elo vum 1. Februar un a fir 6 Méint, also bis de Kollektivcongé, offiziell an der Kris. Dat erméiglecht de Betriber am Secteur eng méi einfach Prozedur fir d'Kuerzaarbecht, also de Chômage partiel, ze kréien.

D'Ministeren hunn erkläert, datt d'Kuerzaarbecht just fir d'Aarbechter um Chantier geduecht ass. Esou ass d'Mesure op 20 Prozent vum Personal vu Betriber limitéiert an dat och just an de Beräicher vum Terrassement, der Demolitioun an dem Héichbau fir de Residentiell an Non-Residentiell. De Génie civil gouf net zeréckbehalen, mä dat wier nach ëmmer eng Méiglechkeet, sou de Georges Mischo. Et wier elo drëm gaangen, de Bausecteur ze berouegen.

Datt d'Demande vun de Patrone fir e Plan de maintien dans l'emploi fir de ganze Secteur net zeréckbehale gouf, dat wier dem Aarbechtsminister no dorobber zeréckzeféieren, datt d'Sozialpartner sech op deem Punkt net eens wieren. De Chômage partiel gëtt finanziell vum Staat iwwerholl, mä de Georges Mischo huet scho Kontrolle vun der Gewerbeinspektioun a vun der Adem ugekënnegt.

Nieft der Mesure, déi elo scho presentéiert gouf, wëll d'Regierung iwweregens weider Mesurë bis d'Fuesvakanz aktivéieren, dorënner ënnert anerem steierlech Virdeeler fir den Investissement ewéi den Amortissement accéléré. Dat hat de Premier Luc Frieden en Dënschdeg op der Neijoerschreceptioun vun der Fedil annoncéiert. Déi Mesurë gi vum Logements- a vum Finanzministère ausgeschafft.

Ob all déi Mesuren de Marché net verzerren oder verhënneren, datt d'Präisser esou erofginn, ewéi se eigentlech missten, dorobber huet de Georges Mischo geäntwert: Et misst ee mol kucken, wat bei de Mesuren erauskënnt. Ënnert dem Stréch geet et der Regierung haaptsächlech drëm, datt d'Aarbechter net am Chômage landen an datt nees méi gebaut gëtt.

Patronat a Gewerkschaften droe Mesurë mat, mee

D'Gewerkschaften droen d'Ouverture vun der Kuerzaarbecht fir gewëss Betriber am Bau mat. Fir den OGBL wier d'Mesure gerechtfäerdegt, well se zäitlech a fir en Deel vum Secteur limitéiert ass, nämlech dem Neibau, deen effektiv an der Kris wier. Den LCGB, dee seet souguer "endlech eng Decisioun". Hire Gewerkschaftler Robert Fornieri sot ons, et wier néideg de Betriber a Schwieregkeeten "Sauerstoff" ze ginn.

Op der anerer Säit huet hie bedauert, datt et nach ëmmer kee Plan de maintien dans l'emploi fir de ganze Secteur gëtt. D'Situatioun um Terrain géing weisen, datt dat dat bescht Instrument wier fir op d'Kris ze reagéieren. Dee Plan de maintien dans l'emplpi géing verschidden "interchangeabel" Mesuren erméiglechen a virun allem Aarbechtsplazen erhalen, déi néideg wieren, wann de Secteur nees rullt. Firwat ass den OGBL da géint de sektorielle Plan de Maintien dans l'emploi ? De Jean-Luc de Matteis vum OGBL sot ons, dat wier, well et kee globalen Accord géing ginn. De Plan de Maintien dans l'emploi dat géing iwwert d'Preretraite goen, d'fräiwëlleg Departen oder nach den temporären Austausch vu Main d'ouvre tëscht de Betriber. Donieft misst och iwwert d'Attraktivitéit vun de Beruffer am Secteur geschwat ginn, mee d'Verhandlungen iwwert en neien Kollektivvertrag sinn zanter Méint an der Sakgaass.

D'Patronat sengersäits begréisst och d'limitéiert Kuerzaarbecht, déi e Mëttwoch vun der Regierung decidéiert gouf als Schrëtt an déi richteg Richtung. De President vun der Union des Entreprises, de Michel Reckinger, ass och en Donneschdeg de Moien kuerz no 8 Auer den Invité vun der Redaktioun.