
Dëst waren 2.155 Kanner oder och en Taux vun 32% - dëst d'Zuele fir d'Joer 2016.
Déi liwwert de Gesondheetsminister Etienne Schneider op eng parlamentaresch Fro vum Parteikolleg Mars Di Bartolomeo.
Ronderëm de Keeserschnëtt stelle sech awer Froen, notamment am Verglach mam Ausland. All drëtt Fra kritt hei am Land also hiert Kand duerch eng Cesarienne. Am Verglach mat 31 europäesche Länner ginn et eng Dosen aner Länner, wou deen Taux och iwwer 30% läit, dat ass zum Beispill Däitschland mat 32%, Italien mat 35%, Polen mat 42% oder och Zypern mat engem Taux vu 57%. A Finnland a Schweden ass et gelongen, d'Tendenz vu Keeserschnëtter ëmzekéieren, sou datt dës Tauxen erofginn.
Firwat hëlt eng schwanger Fra d'Decisioun, op dës OP zeréckzegräifen?
D'Grënn si verschidden an de Minister nennt Facteure wéi den Alter vun de Fraen, déi e Kand kréien, dee stänneg klëmmt, multipel Schwangerschaften duerch kënschtlech Befruchtung (PMA), mee och perséinlech Convenance, sief et duerch privat oder berufflech Grënn.
Zanter 2014 ginn et entspriechend, aktualiséiert Recommandatioune fir schwanger Fraen, a wéi engem Fall sech fir d'natierlech Gebuert oder awer de Keeserschnëtt soll decidéiert ginn - bis dato gëtt et awer nach keng Evaluatioun op dës Recommandatiounen och suivéiert ginn oder ob all duerchgefouert Cesariennen och enger medezinesch-wëssenschaftlecher Pertinenz entspriechen, déi net kann diskutéiert oder a Fro gestallt ginn.
D'Entbannen um natierleche Wee ass a bleift déi mat de meeschte Virdeeler fir Mamm a Kand, ënnert anerem well ee sech séier och nees nom Accouchement kierperlech erhëlt, respektiv och de Bëbee sech besser un d'Liewe baussent der Gebärmutter upasst.
Natierlech bleift et dobäi, datt et Situatioune ginn, wou eng natierlech Gebuert net méiglech ass oder mat uerge Riske fir Mamm a Kand verbonnen ass - ëmmer bleift et awer ze bedenken, datt dëst e chirurgeschen Agrëff ass, deen net harmlos ass a woubäi et kann zu Komplikatioune kommen, wéi zum Beispill Riske vu Bluddungen, Thrombosen oder Embolien - éier sech eng schwanger Fra fir eng gewollt Cesarienne decidéiert, sollt ee sech net vu Prejugéë leede loossen a sech berode loossen.
Entspriechend informativ Publikatioune ginn et och op dëse Sitten: cesarine.org oder sante.lu.