Honnerte Leit op der Marche fir d’Äerd"Et ass méi wéi 5 vir 12, mä d'Hoffnung bleift"

Dany Rasqué
E puer honnert Leit sinn e Mëttwoch um Weltdag vun der Äerd op d'Strooss gaangen.
Eng 500 bis 600 Leit, dorënner vill Kanner, waren um Marche pour la terre 2026 an der Stad mat dobäi.
Eng 500 bis 600 Leit, dorënner vill Kanner, waren um Marche pour la terre 2026 an der Stad mat dobäi.
© Dany Rasqué

Marche pour la terre / Reportage Dany Rasqué

De Kollektiv Votum Klima - zu deem Organisatiounen wéi CELL, Greenpeace an Natur an Ëmwelt gehéieren - huet fir déi drëtte Kéier d'Marche fir d'Äerd an der Stad organiséiert. Se stoung dëst Joer ënnert dem globale Motto "Our Power, Our Planet. De Cortège goung mat vill Musek a gudder Stëmmung vun der Gare bis virun d'Chamber.

Eng Manifestatioun, mat där d'Organisateure ganz zefridde waren, wéi den Norry Schneider vu CELL confirméiert. Et fält op, datt all Joers méi Leit matmaachen, och wann et schwiereg ass, fir eng genee Zuel ze nennen. "Dacks huet een d'Tendenz d'Leit ze zielen. Ech weess elo éierlech gesot net, wéi vill datt et der sinn. Et sinn der, déi hu vu 500 bis 600 Leit geschwat. Et kënnt op jidder eenzelen un. Wat mer zu méi sinn, wat besser, mä wa mer missten eleng fir de Planéit op d'Strooss goen, géife mer et trotzdeem maachen."

© Dany Rasqué

Eleng op d'Strooss goe war net néideg. Et ware vill Manifestanten an der Stad, dorënner och vill Kanner a Jonker, déi sou munch Erwuessenen drun erënnert hunn, datt een hinnen net déi ganz Responsabilitéit kann iwwerloossen, mä datt déi Erwuesse vun haut nach villes riicht ze béien hunn, wéi den Norry Schneider seet.

"Mir hunn nach bëssen eppes ze schaffen. D'wëssenschaftlech Rapporte soen eis, datt et eigentlech net 5 vir 12, mä scho bësse méi spéit ass an trotzdeem ass vill Hoffnung do, well et si vill Leit, déi sech asetzen. Dat gesäit een net ëmmer esou. Den Ament hu mer an der Press vill Plaz fir déi, déi ganz haart jäizen an déi ganz aggressiv sinn, mä et gi Leit, déi all Dag sech asetzen. Fir den Naturschutz, fir d'Mënscherechter, géint d'Aarmut, fir den Zesummenhalt an et ass wichteg, datt déi gesi ginn." Am beschten net just um Weltdag vun der Äerd, mä all Dag.

Honnerte Leit op der Marche fir d’Äerd
"Et ass méi wéi 5 vir 12, mä d'Hoffnung bleift"

Back to Top
CIM LOGO