
Mat deem Urteel gouf d’Demande vum Parquet confirméiert. D’Vertriederin hat d’Fuerderung och domat justifiéiert, dass de 34 Joer ale Mann net ze beléiere wier.
Enn Oktober ware vum Tribunal 4 Dossiere mat Reprochë géint den Ugekloten zesumme behandelt ginn. An engem Fall ass et ëm eng Menace per Mail vu kierperlecher Gewalt géint de President vu Rosa Lëtzebuerg gaangen. Dem Ugekloten hat et net gefall, dass dësen als Tatta Tom op Ufro vu Schoulen hin als Travestie-Kënschtler Opklärungsaarbecht iwwer Sexualitéit a sexuell Orientéierung mécht.
Weider hat den Ugekloten e Video mat antisemitteschem Contenu gedeelt, deen hien net gekuckt wollt hunn. An 2 aneren Dossiere goung et ëm Beamtebeleidegung. Hei hate 6 Polizisten als Partie civile jee 350 Euro Schuedenersatz gefuerdert. 5 Demandë goufen als net recevabel klasséiert. Ee Polizist krut Schuedenersatz an Héicht vun 250 Euro accordéiert.
Eréischt am Mee war de Mann wéinst der Beleidegung vum fréiere Premier Xavier Bettel a schonn eng Kéier wéinst der Verharmlosung vum Holocaust zu engem Joer Prisong op Sursis verurteelt ginn. Wärend der Pandemie hat hien Uspillunge gemaach, dass Net-Geimpfte géinge wéi Judden am 2. Weltkrich behandelt ginn.
Och déi Kéier war et fir den Ugekloten net fir d’éischt, dass hie viru Geriicht stoung. D’Urteel ass awer nach net rechtskräfteg. De Mann huet elo 40 Deeg Zäit, fir an Appell ze goen.