
Aktuell sinn 81 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 22 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.000.134 Impfdosisse genotzt. 438.905 Leit gëlle bis ewell als komplett geimpft.
En Donneschdeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 86,84 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 39,54 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.