Coronavirus zu Lëtzebuerg36 nei confirméiert Fäll, Zuel vun Doudesaffer op 72 geklommen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 4 geklommen ass.
© RTL-Grafik

D'Altersmediane läit bei 84,5 Joer. Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 36 positiv geteste Patienten zënter e Donneschdeg. Dat sinn der elo am Ganzen 3.480.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 32.394 Tester gemaach. Bannent de leschte 24 Stonne waren et der 734 an dovunner waren der 36 positiv.

© Statec

Aktuell sinn 178 Patienten (-27) hospitaliséiert, 29 (-6) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 579 Mënschen (+27) d'Spidol nees verloossen.

Back to Top
CIM LOGO