Coronavirus zu Lëtzebuerg39 nei positiv Fäll, Zuel vun Doudesaffer klëmmt vu 36 op 41

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 5 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 39 positiv geteste Patienten zënter e Sonndeg. Vum Total vun de Patiente sinn 2.384 Residenten a 459 Non-Residenten.
Zanter Ufank vun der Kris goufen 24.291 Tester gemaach. Vun e Sonndeg op e Méindeg goufen 604 Tester duerchgefouert.

Zënter e Sonndeg ass d'Zuel vun den Doudesaffer zu Lëtzebuerg ëm 5 Persoune geklommen a läit elo bei 41 Leit. D'Altersmediane läit bei 86 Joer.

Am Moment leien 223 Persounen, déi infizéiert goufen, am Spidol, dovunner 32 op der Intensivstatioun. 253 Persoune konnten d'Spidol bis ewell nees verloossen.

Back to Top
CIM LOGO