
Kuerz viru 17 Auer e Mëttwoch huet et um CR103A tëscht Ollem an Nouspelt tëscht zwee Autoe geknuppt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Mamer a Kielen versuergt.
Eng Stonn méi spéit sinn um CR306 tëscht Biissen a Pëtten e Bus an en Auto aneneegerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Rettungsekippen Nordstad an déi vu Biissen waren op der Plaz.
An der Rue du Commerce zu Diddeleng gouf iwwerdeem géint 19.51 Auer ee Foussgänger ugestouss a blesséiert. Am Asaz waren de Samu aus der Stad, grad ewéi d’Ambulancieren a Pompjeeë vun Esch an Diddeleng.
Fir d’Rettungsdéngschter vun Ëlwen a Wëntger gouf et géint 23 Auer en Asaz, nodeems op der RN12 tëscht dem Antoniushaff an Éimeschbaach en Auto an e Bam gerannt ass.
Kuerz viru 4 Auer en Donneschdeg de Moie fréi waren de Samu aus der Stad an d’Rettungsekippe vu Lëntgen op e méi schroen Accident um CR119 tëscht Amber an Allënster geruff ginn. Wéi de CGDIS an enger éischter Meldunge geschriwwen hat, gouf eng Persoun beim Accident schwéier blesséiert. Géint 9 Auer huet d’Police an hirem Bulletin geschriwwen, datt d’Streck nees fir den Trafic op wier. Et war dann och déi traureg Nouvelle, dass de Chauffer vum Gefier un de Suitte vun de schroe Blessure gestuerwen ass.