
Kuerz no 17 Auer en Donneschdeg waren zu Éiter zwee Automobilisten net mat hire Gefierer laanschtenee komm. Déi blesséiert Persoun gouf vun de Rettungsdéngschter aus der Stad a vu Mutfert versuergt.
Zwee Blesséierter gouf et da kuerz virun 19 Auer, nodeems zu Schëndels en Auto an e Bam gerannt ass. D’Ambulanciere vu Lëntgen an d’Pompjeeë vu Koplescht a Miersch waren op der Plaz.
D’Rettungsekippe vun Esch, Monnerech a Leideleng waren iwwerdeem géint 2 Auer an der Nuecht op en Accident op der A4 op der Héicht vu Steebrécken geruff ginn. Hei war e Chauffer mat sengem Auto an d’Leitplank gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.
Kuerz viru 6 Auer huet et op der A13 op der Héicht vun der Jonctioun Éilereng-Lankelz tëscht zwee Autoe geknuppt. Zwou Persoune goufe bei der Kollisioun blesséiert. D’Rettungsdéngschter vu Monnerech, dem Sadiff an Esch-Uelzecht waren op der Plaz.
Op der RN13 tëscht Dippech-Gare an Dippech war e Minibus an e Chantier gerannt. Och hei gouf et zwee Blesséierter. D’Ambulanciere vu Mamer an d’Pompjeeë vun Dippech waren am Asaz.