
Géint 17.15 Auer war an der rue Guillaume J. Kroll an der Stad zwee Autoe matenee kollidéiert. Zwou Persoune si bei deem Tëschefall blesséiert ginn an hu mussen an d’Spidol. D’Pompjeeën aus der Stad an Ambulanzen aus der Stad a vu Beetebuerg waren op der Plaz.
Kuerz no 20.30 Auer ass an der Réidenerstrooss zu Uewerpallen e Gefier op d’Kopp gaangen. De Chauffer ass dobäi blesséiert ginn an an d’Klinik gefouert ginn. Geruff waren d’Ambulanz vu Réiden, de SAMU aus der Stad, an d’Pompjeeë vu Biekerech a Réiden.
Kuerz virun 22.30 Auer ass et op Tréierer Autobunn A1 tëscht dem Tunnel Cents an der Sortie Kierchbierg zu engem Accident komm, an deen dräi Autoe verwéckelt waren. D’Stater Ambulanz a Pompjeeë waren do am Asaz.