"LGS Thinking Day"1.500 Guiden a Scouten 24 Stonnen a Beweegung

Lynn Cruchten
Solidaritéit, Frëndschaft a Bridderlechkeet. Wäerter, déi weltwäit am Kader vum sougenannten "Thinking Day" gefeiert ginn. En Dag am Februar, deen d’Grënner vum Scoutismus éiert.
"LGS Thinking Day"1.500 Guiden a Scouten 24 Stonnen a Beweegung
Solidaritéit, Frëndschaft a Bridderlechkeet. Wäerter, déi weltwäit am Kader vum sougenannten “Thinking Day” gefeiert ginn.

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) feieren hir Editioun 2026 dëse Weekend zu Märel an der Stad. Quasi all d’Sportshalen, d’Schwämm, den Terrain dobaussen an de Forum um Geesseknäppchen si fest an den Hänn vu ronn 1.500 Kanner a Jonken am Alter tëscht 6 an 23 Joer a ville Benevollen, déi se encadréieren.

De Thinking Day 2026 bitt hinnen d’Geleeënheet u méi wéi 30 Atelieren deelzehuelen. Vu Bouschéissen, iwwer Breakdance, Schwammen, Lafen, Badminton bis Kloteren. Eng sportlech Aventure also, mat där awer och déi sougenannt Odyssee vun den LGS ënnerstëtzt soll ginn.

All 3 Joer gi fir déi 17 bis 23 Joer al Guiden a Scouten nämlech Campen am Ausland organiséiert. D’Haaptzil vun der Odyssee ass de kulturellen Austausch am jeeweilege Land. Op der Plaz ginn awer dann och mat de lokale Bewunner zesumme Projeten realiséiert. Dozou gehéiert d’Baue vu Schoulen, Renovéieren a Beemplanzen zum Beispill.

Well déi Campen natierlech kaschten kënnen d’Participanten vum Thinking Day sech vu Famill a Frënn, pro Stonn Sport, sponsere loossen. Den Erléis fléisst dann integral an d’Odyssee-Projeten.

Ënnert dem Motto “24 Stonnen a Beweegung” gëtt sech um Geesseknäppchen dëse Weekend also net just ameséiert, mee den Thinking Day ass och un eng solidaresch Aktioun gekoppelt.

Back to Top
CIM LOGO