Agitéiert NuechtStreidereien am Club an op der Strooss

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat an der Nuecht op e Samschdeg mat enger Partie rosene Gesellen ze dinn. Dobanne wéi dobaussen.
© Laurent Weber

Kuerz viru Mëtternuecht ass der Police eng alkoholiséiert Persoun gemellt ginn, déi op der Stater Gare Passanten aggresséiert huet. Well se sech net wollt berouegen a méi aggressiv ginn ass, koum se, no enger Kontroll beim Dokter, fir eng Nuecht an eng Zell fir hire Rausch auszeschlofen.

E Samschdeg de Moie fréi géint 5 Auer ass eng Kläpperei tëscht méi Persounen an engem Club zu Hollerech gemellt ginn. Eng Persoun ass liicht blesséiert an d’Spidol gefouert ginn, eng aner wollt sech net berouegen an ass de Beamten iwwer aggressiv ginn, wat zu engem Besuch beim Dokter an zu engem uschléissenden Openthalt an enger Zell féiere sollt.

Ongeféier zur selwechter Zäit ass zu Esch-Uelzecht, am Beräich vun enger Tankstell, eng Ausenanersetzung tëscht dräi alkoholiséierte Persoune gemellt ginn. Si haten hiert Gefier matten op der Strooss stoe gelooss an sech donieft gestridden. De Chauffer vum Auto krut de Fürerschäin ofgeholl, e provisorescht Fuerverbuet ass ausgestallt ginn, an nom Rendez-vous beim Dokter goung et och fir hien, iwwergangsweis, an eng Zell.

Back to Top
CIM LOGO