
E Samschden Nomëtteg géint 16.15 Auer hu verschidde Zeien der Police zu Tréier gemellt, datt eng Persoun mat engem Messer an der Hand an der Foussgängerzon ënnerwee wier a Passanten géing uschwätzen.
Direkt alarméiert Policepatrullen hunn d’Persoun kuerz drop opgegraff. Am Kader vum Asaz huet op d’mannst ee Policebeamten seng Waff agesat. De betraffene Mann gouf blesséiert an e Spidol bruecht, hien ass net a Liewensgefor.
D’Police war um Samschdeg den Owend nach am Beräich vun der Foussgängerzon an der Moselstrasse am Asaz an huet de Secteur komplett ofgespaart.