
Et ass déi éischte Kéier, datt ech e Mënsch begéinen, deen iwwer 100 Joer al ass. Obwuel ech weess, dass d’Maisy Ginter-Bonichaux mat bal 102 Joer nach richteg fit fir hiren Alter ass, hätt ech der Fra, déi ech kenne geléiert hunn, gutt zéng Joer manner ginn.
D’Maisy, sou wéi si sech selwer genannt huet, well si Maria oder Marie ze streng fonnt huet, ass keng Onbekannt. Zanter iwwer 80 Joer setzt si sech fir d’Gedenken un den Zweete Weltkrich an, virun allem fir d’Erënnerung un d’Meedercher, déi zwangsrekrutéiert goufen. Si selwer gouf 1943 an de Reichsarbeitsdienst a méi spéit an de Kriegshilfsdienst agezunn.
De 17. Abrëll 1924 gebuer an zu Nidderkuer opgewuess, hat d’Maisy eigentlech eng schéi Kandheet. Gären erënnert si sech dorun, wa si mat hire Frëndinnen heemlech bei de Wäschbuer gaangen ass, fir hiert Nuesschnappech ze botzen a si dono vun hire Mamme vernannt goufen, well si ganz naass waren. “Da si mer awer erëm vernannt ginn, mä dat war ze vill schéin, fir am Waasser ze puddelen”, erënnert d’Maisy sech mat engem Laachen.
Wéi si 16 Joer al war, huet sech awer alles geännert. Et war Krich an Europa an déi Däitsch sinn zu Lëtzebuerg agefall.
“Dat war schro, well mir hunn et net gegleeft, mir si mam Vëlo hei op Péiteng an d’Schoul, ech war an der Oberprimärschoul hei zu Péiteng, do si mir mam Vëlo kucke komm, ob dat wouer wier, datt keng Schoul wier, a wéi mir heem komm sinn, sinn d’Preise virun eis gefuer, mat hire Mitrailletten op eis geriicht. A soubal mir bei der Porte Lamadelaine ukomm sinn, si mir séier vun der Haaptstrooss eriwwer gefuer, an do hu mer gesinn, datt dat wouer war. A mir sinn evakuéiert ginn, an do war et ganz schro.”
Trotz Fotoe vu Konzentratiounslagere konnten d’Maisy an hir Kolleege sech “net virstellen, dass ee Mënsch esou grausam vis-à-vis vun engem anere kéint sinn. “Mir waren eben nach jonk, mä, dass alles do verbuede war, dat war fir eis och ganz schwéier. Mir hu missen all déi franséisch Wierder vergiessen. Mir konnten net vill zesummen erausgoen, well wann een zu zwee, dräi do stoung, da stoung schonn erëm een niewent engem, fir ze lauschteren, wat mir géinge schwätzen. Also et war ee ganz agespaart, wéi agewéckelt, well een net wosst, du kanns dem Noper trauen oder du kanns dem Noper net trauen. Dat war dat Schroost, wat et ginn ass.”
Souguer wéi de Gauleiter de Militärdéngscht fir d’Lëtzebuerger Jugend ausgeruff huet, konnte vill Leit et net gleewen, bis d’Bréiwer an der Boîte louchen, erzielt d’Maisy. Trotzdeem war d’Hoffnung do, datt et net laang géing daueren, bis déi Däitsch verluer hätten. Dëst sollt awer nach e puer Joer daueren an och d’Maisy krut e Stellungsbefeel. Bei deem éischte konnt dem Maisy hire Chef hir Zwangsrekrutéierung nach ëm sechs Méint zrécksetze loossen. Bei deem zweeten “war näischt méi ze maachen”, seet d’Maisy och haut nach rosen. Eng fréier Schoulkomerodin vun hir war d’Sekretärin vum Damian Kratzenberg, President vun der Volksdeutschen Bewegung zu Lëtzebuerg. Dës hat d’Maisy ugeschwäerzt, si wier “politesch net einwandfrei”, dowéinst misst “si politesch erzu ginn”.
Nieft der Ongewëssheet, wat mat hir, hiren Elteren oder hire Kolleege geschéie wäert, war mat dat Schlëmmst fir d’Maisy, déi streng vun Nonnen erzu gouf, sech bei der Musterung plakeg viru Männer mussen ze stellen.
“Dat kënnt Dir Iech net virstellen. Dat kann een Iech net erklären, well Dir dat net gesinn hutt”, seet d’Maisy ganz betraff . Bei den Nonnen hätte si jo emol net mat engem Jong dierfe schwätzen. “An do kënnt een dohinner an da muss een dat maachen. Dat war einfach fuerchtbar. Mä et huet een ebe missen doduerch, well soss ass ee bestrooft ginn.”
Gehollef duerch déi Zäit huet der Maisy just d’Hoffnung, datt et “geschwënn eriwwer” wier. Matkritt vum Krich huet si wärend dem Reichsarbeitsdienst natierlech nëmmen dat, “wat d’Preise wollten”. No sechs Méint koum si awer fir de Kriegsdienst an eng Fabrick, wou och Fransouse geschafft hunn. Dës duerfte franséische Radio lauschteren an hunn d’Lëtzebuerger op d’mannst iwwer de Krich um Lafende gehalen. Wéi et hire Famillje goung, wousste si net.
“A mir sinn och heiansdo erausgaangen. Mir konnten an de Kino zesumme goen. Natierlech war ëmmer Propaganda, mä mir sinn alt gaangen, well et e bëssen eppes anescht war, wéi am Camp. An do souzen déi (d’Fransousen) hannerun eis. An dann hu si och gesot, wat alles lass wär. Well d’Preisen hu jo kee Franséisch verstanen”, erzielt d’Maisy.
De 25. Mee 1945 kënnt d’Maisy nom Krich zréck op Lëtzebuerg. Anescht ewéi a villen anere Familljen ass et der Maisy ni schwéiergefall, iwwer hir Erliefnisser ze schwätzen. Hire Papp war schonn an der Resistenz a si vun Ufank u bei den Enrolés de Force zu Lëtzebuerg. Virun allem fir d’Meedercher, déi zwangsrekrutéiert goufen, awer “nëmme schlecht unerkannt waren”, huet d’Maisy sech agesat. En Engagement, fir dee si och haut nach “streit”. “Ech sinn nach ëmmer d’selwecht. Ech streiden nach ëmmer fir d’Meedercher, egal fir wat et ass”, seet d’Maisy houfereg. E “grousse Wonsch” vun hir ass eng Lëscht mat all de Meedercher, “déi, déi aner Säit gestuerwe sinn an duerch wat se gestuerwe sinn”. “Do hätt ech gär, datt dat géing ënnersicht ginn, a wann et do iergendwou eng Lëscht géing ginn an déi an iergendee Musée kéim.”
Zu de Kricher haut uechter d’Welt seet d’Maisy, datt et zwar wichteg wier, sech ze wieren, et sollt ee sech awer net selwer a Gefor bréngen. “Wann elo all d’Lëtzebuerger fortgelaf wieren, a si wieren all erschoss ginn an d’Eltere wieren erschoss ginn, wat wier Lëtzebuerg dann? Wie géing hei nach wunnen?”, freet d’Maisy.
Hire Mann huet d’Maisy Ginter-Bonichaux 1946 kenne geléiert, och hie war bei den Enrolés de force. Mat him krut si zwou Duechteren, d’Mady an d’Annita. Zu Rodange huet d’Famill an engem Haus gewunnt, dat hire Mann gebaut huet. Als geléierten Automecanicien hate si “scho fréi en Auto”, mat deem der Maisy hire Kandheetswonsch, ze reesen, an Erfëllung goung. Schonn als “jonkt Meedchen” hätt si ëmmer wéilte reesen, fréier wier hire Plang gewiescht, op Missioun an e Klouschter ze goen, “da kéim ech an e friemt Land”.
Nom Krich koum et dunn awer anescht an et goung mam Auto a mam Zelt duerch ganz Europa. An och Länner wéi Australien, Japan oder Ägypten huet déi haut bal 102 Joer al Fra scho gesinn. Zanter dem Covid an haut och hirem Réck reest si leider net méi, erënneren, deet si sech awer ëmmer gären. Eent vun den “interessantste” Länner fir d’Maisy – well schéin ass relativ – ass Italien. Hire Mann war wärend dem Krich an Italien bei enger Famill ënnerkomm. Bei si goung der Koppel hir éischt grouss Rees.
“Do si mer gutt opgeholl ginn. An da si mer viru gefuer. Mir hu ganz Italien besicht, all Joer op eng aner Plaz. An Italien ass fir mech dat interessantst Land vun Europa. Do gesitt Dir an där klengster Kierch dee schéinsten Tableau. A Venedeg ass jo einmalig. Do war ech zwee Mol”, schwäermt d’Maisy.
1988 awer erlieft d’Maisy en éischte Schicksalsschlag. Am Alter vu 64 Joer stierft hire Mann un engem Dokteschfeeler, wéi si och haut nach traureg erzielt. Hir Duechter stierft 16 Joer méi spéit am Alter vun 52 Joer un zwee Tumoren. “Wann ee e Kand gesäit leiden, dann dierf een net egoistesch sinn. Ech hunn hatt net gäre verluer, dat ass sécher, awer et war näischt méi ze maachen”, erzielt d’Maisy. Wat hir iwwer den Doud vun hirem Mann ewechgehollef huet, waren hir jéngst Duechter an hir Enkelkanner. Fir si ass d’Maisy, déi ni aus Lëtzebuerg fortplënnere géing, eng Zäit laang an d’Belsch gaangen, fir do hir Enkelkanner ze versuergen.
Wéi et hir haut geet? “Heiansdo e Bobo, mä Gott säi Dank kommen déi net all mateneen”, laacht d’Maisy. Och wann hir Vue an hiert Gehéier ëmmer méi ofhuelen a si och méi raschte muss wéi fréier, mécht si nach bal alles eleng. Bis op eng Botzfra, déi ee Mol d’Woch kënnt, huet si “keng Hëllef”. De Rescht vun hirer Famill lieft an der Belsch, also “muss ech alles selwer maachen”.
Dat wier wuel och de Grond, firwat si sech esou laang fit gehalen huet. Si hätt zwar kee Rezept, dat “eenzegt, wat ass, et muss ee säi Kierper kontrolléieren. Et muss een oppassen, wat engem net bekënnt, wat net gutt fir een ass, a wann een et nach esou gären huet, da muss een et si loossen. Mä soss hunn ech gelieft, riicht virun. Ech hu geschafft. Ech hu ganz vill gebutt fir meng zwee Meedercher a fir mech. An hu mäi Stot ëmmer gemaach bis 90 Joer. Ganz eleng”, betount d’Maisy. Viru grousse Krankheete wier si Gott säi Dank och verschount bliwwen.
Fir sech haut fit ze halen, geet d’Maisy esou vill et geet spadséieren, och wa si ouni Bengel an ouni een am Aarm net méi wäit ka goen. A fir dono ze raschten, trëfft si sech am Chalet just d’Strooss erof zu Péiteng mat Kolleegen a Kolleeginnen “an da schnësse mir alt e bëssen”. Fir d’Maisy ass et och dacks eng Saach vu Wëllen, fir sech fit an aktiv ze halen.
“Et muss een de Wëllen hunn. Ech wëll dat elo maachen, wann et och schwéier ass, wann och Schwieregkeete sinn, wann ech och emol midd ginn oder esou. Mä et muss een de Wëllen hunn. An et wéi gesot, duerchféieren. Awer net soen, ech hunn elo hei wéi, ech hunn elo do wéi, an ech kann elo net. Et muss een aktiv bleiwen, da bleift de Kierper et och.”
Haut ass d’Maisy dankbar, dass si nom Krich “nach konnt heem kommen”, dass si e schéint Liewe mat hirer Famill hat an hir Reese konnt maachen. Och wa si “e bësse méi Sue” kéint hunn, laacht d’Maisy, wier si mat hirem Liewen zefridden.
Reportage vun 2024:
Portrait vun 2020:
Temoignage vun 2019: