
Tëscht 22.30 Auer a Mëtternuecht sinn zu Ollem, op Uerder vum Parquet, 107 Automobilisten an enger Alkoholkontroll blose gelooss ginn. A véier Fäll huet den Test ugeschloen, 2 Protokoller si geschriwwe ginn, Fürerschäiner sinn awer keng agezu ginn. Bei engem weidere Chauffer war d’Steiervignette zanter méi wéi 60 Deeg net méi valabel, wat eng Amende vun 250 Euro no sech gezunn huet.
An der Nuecht op e Samschdeg ass tëscht 1 Auer an 2.30 Auer zu Kielen eng weider Kontroll op Uerder vum Parquet duerchgefouert ginn. Hei sinn 63 Automobilisten zum Test gebiede ginn. A fënnef Fäll war et e positiivt Resultat, all Kéiers ass e Procès-verbal ausgestallt ginn. Och an dëser Kontroll sollt keen Automobilist säi Permis verléieren. Desweideren ass nach ee Chauffer erwëscht ginn, deem seng Steiervignette net méi gülteg war. Hie krut eng Strof vu 74 Euro.
Op anere Plazen am Land waren dann Automobilisten ënnerwee, déi ze déif an d’Glas gekuckt haten. Géint 21.30 Auer war an der Houschterdéckt e Chauffer opgefall, deen a Schlaangelinnen ënnerwee a puermol an de Géigeverkéier gerode war. E konnt wéineg méi spéit gestoppt ginn a war säi Fürerschäin op der Plaz lass.
Um fréie Samschdeg Moie ware Policebeamten op der N14 op e Gefier opmierksam ginn, an deem laanscht d’Strooss geparkt zwou Persoune geschlof hunn. No enger Kontroll war kloer, dass se allebéid ze vill gedronk haten. Dem Chauffer säi Permis ass doropshin agezunn an e provisorescht Fuerverbuet erstallt ginn.