
E Mëttwoch gouf en oppene Bréif verschéckt, mam Zweck, “d’Communautéit vun der Uni” an hir Missioun z’ënnerstëtzen. Eng Lëscht mat tëscht 250 an 300 Signatairë war attachéiert. De Bréif ass eng Reaktioun op rezent Medieberichter iwwert Probleemer op der Uni. D’Signatairen erkennen do dran un, datt verschidde Leit schwiereg Experienzen op der Uni hätten, ma si géife sech Suerge maachen, datt d’Uni an der ëffentlecher Debatt just duerch Konflikter géing duer gestallt ginn.
D’Initiatrice vum Bréif, Skerdi Zanaj, sot en Donneschden de Moien am 100,7-Interview, de Bréif wier net iwwert offiziell Kanäl oder där “vu Pouvoir” verdeelt ginn. Dofir kéint een och net vu Pourcentagë schwätzen, déi de Bréif ënnerschriwwen hätten oder net. Bis dohin haten en Drëttel vun de Proffen a fënnef Prozent vun de PHD-Studenten ënnerschriwwen. Ma wéi d’Luxembourg Times, déi vill op dem Dossier Uni geschafft huet, als éischt gemellt hat, stelle sech Froen iwwert de Bréif. Notamment, ob een e wierklech als Initiativ vun der Basis ka gesinn, an dat net just well d’Skerdi Zanaj selwer an hirer Roll als Beoptraagte fir Geschlechtergläichheet vum Recteur nominéiert gëtt. Mee och well RTL Kommunikatioune gesinn huet, no deenen Doktoranden sech obligéiert gefillt hätten, z’ënnerschreiwen, well se de Bréif vun hire Superviseuren, also vun hiren hierarchesche Superieuren, geschéckt kritt hätten.
An engem Mail vun der Studentendelegatioun heescht et ënnert anerem: ”Some students reached out to me that they felt obligated to sign this letter. Because it was sent by their supervisors.” RTL huet och nach aner Kommunikatioune gesinn, an deene Professeren aus der nämmlechter Ursaach vun Doktorande kontaktéiert goufen. Oder selwer soen, si hätte finalement ënnerschriwwen, fir net bei de Kolleege schlecht do ze stoen.
RTL-Informatiounen no kënnt d’Initiativ fir dësen oppene Bréif vun der Basis doriwwer eraus, nodeems et op d’mannst zwou aner Tentativë fir “Ënnerstetzungsbréiwer” vun uewen erof gouf. No éischte Presseberichter Enn d’lescht Joer iwwer Probleemer bei Promotiounsprozeduren an iwwer Harcèlement a Mobbing an der Fakultéit vum Droit, der Ekonomie an de Finanzen (FDEF), hat de Chef vum Droitsdepartement, Dirk Zetzsche, e Statement am Numm vum ganzen Departement opgesat, fir un de Recteur ze schécken. Do dran heescht et ënnert anerem, “In our discussions and activities, we are guided by principles of due process, compliance, and the integration of diverse views and values.” D’Membere vum Departement goufen an enger Videokonferenz opgefuerdert, do driwwer of ze stëmmen, ma de Chef vum Departement hat méi favorabel Stëmme gezielt, wéi et der tatsächlech waren. Verschidde Proffen hunn sech géint d’Virgoe gewiert, wéi Echangë weisen, déi RTL virleien.
Wéinst de ville negativen Schlagzeilen an de leschte Méint koum den 13. Januar den ieweschte Management vun der Uni an enger Reunioun zesummen. Do huet de President vum Conseil universitaire a fréieren Doyen vun der Fakultéit vun de Sciences humaines, éducatives a sociales (FSHE), Georg Mein, proposéiert, e Bréif ze schreiwen, deen hie mam Dirk Zetzsche opgesat huet. Tëscht ville positive Messagë brénge si an der Virlag och zum Ausdrock, datt se net frou sinn, wann d’Personal Probleemer an d’Press dréit. Am Schreiwes geet dovu rieds, datt d’Personal misst drop vertraue kënnen, datt hir Uleies seriö geholl ginn. Mee och: “But also trust, that anyone who, after open discussion and appropriate participation, does not get their concerns across, will not express their disappointment publicly and in a distorted way form to the detriment of the university and all employees.” Oder: “We support thorough and credible review processes wherever specific concerns have been raised. A university must be able to critically examine itself, improve its procedures and learn from its mistakes. At the same time, we are convinced that this must be done responsibly – with respect for privacy, procedural fairness, without public speculation about individual cases and without the pressure to replace consitutional procedures with a dynamic of prejudgement in the media based on anonymous sources.”
Dës Virlag fir e Bréif am Numm vun allen Departementscheffen, Doyenen, Direktere vun interdisziplinären Zentren an dem President vum Conseil universitaire gouf op engem Freidegnomëtte verschéckt mat der Remark, wie sech bis méindes mëttes net géing mellen, géif säin “Accord tacite” ginn. Eenzelner vun hinnen hu sech gewiert, d’Tentative ass gescheitert. Ma all dës Bréiwer hunn eppes gemeinsam: Si hunn d’Leit forcéiert, Positioun ze bezéien. Keng confortabel Situatioun fir déi, déi eng aner Vue hunn - an der Reunioun hat de Recteur Jens Kreisel, RTL-Informatiounen no, der Remark zougestëmmt, datt Leit, déi an der Press géint d’Uni géife goen, et net géife verdéngen op der Uni ze schaffen. An der Reunioun war och de pour an de contre dovun diskutéiert ginn, geriichtlech géint Journalisten, respektiv hir Quellen vir ze goen.
Déi Bréiwer, déi vu “Concerns” an “difficult situations” schwätze, verharmlosen och d’Probleemer vun deene Leit, déi sech mat Informatiounen un d’Press wenden - par ailleurs net anonym. D’Identitéit vun eise Sourcen ass eis bekannt an si ënnerleien dem gesetzlech verankerte Quelleschutz.
Och de Recteur Jens Kreisel huet d’lescht Woch, wéi e mat der Vize-Rectrice Simone Niclou an der Héichschoulministerin Stéphanie Obertin bei der zoustänneger Chamberkommissioun war, betount, et géif kee systeemesche Probleem, mee huet vun individuelle Fäll geschwat, déi schwéier ze liewe wären. Den universitairë Milieu wier e ganz kompetitiven, huet hien erkläert, net just zu Lëtzebuerg. Op der Uni.lu hätten zanter 2018 just 60 vun 190 Kandidaten hir Promotioun kritt. Just véier vun deenen 130 gescheiterte Kandidate wieren op d’Geriicht gaangen. Dës Zuele sollte wuel illustréieren, datt just e puer Leit hiert Lous net géingen akzeptéieren, obwuel et villen aneren d’nämmlecht geet.
Ma dobäi huet de Jens Kreisel bewosst Äppel a Biere, respektiv zwou verschidde Karriären verglach. Déi, déi sech an de Promotiounsprozeduren der Konkurrenz mussen aussetzen engersäits, an déi, déi anerersäits op engem individuelle Promotionsparcours sinn, wou e Comité aus externen Experten se do dru moosst, ob se hir individuell a kontraktuell festgesaten Objektiver erreecht hunn. Bei deenen éischte reusséiere just 25 Prozent vun de Kandidaten, well dat gesetzlech esou festgeluecht ass, et also eng gesetzlech Quot gëtt. Bei deenen zweeten, dat waren der insgesamt vill manner, ass et awer genee ëmgedréint, 73 Prozent reusséieren do hir Promotioun. Op dësem Parcours hunn also d’Hallschent vun de Leit geklot, déi d’Promotioun net kritt hunn. Dat si justement déi véier Mataarbechter vun der FDEF, iwwert déi RTL Today de leschten November geschriwwen hat. Si hu geklot, well se der Meenung sinn, datt hir Objektiver vun der Doyenne vun der Fakultéit, Katalin Ligeti, net respektéiert goufen.
Bei den Deputéierte vun der Héichschoulkommissioun hat de Jens Kreisel de 27. Januar och gesot, hien hätt eng Rekrutementsprozedur annuléiert, wéinst Interessekonflikten. Konkreet ass et, RTL-Informatiounen no, d’Positioun fir Assistant Professor am ëffentlechen internationale Recht a Weltraumrecht, déi virun e puer Méint ausgeschriwwe gouf. Also e weidere Fall an der Fakultéit fir Droit, Wirtschaft a Finanze. Ee vun de 50 Kandidaten hat sech offiziell beim Bureau des affaires professorales (BAP) beschwéiert. De Bureau huet d’Rekrutementsprozedur ënnersicht. En huet festgestallt, datt déi Virsëtzend vun der Rekrutementskommissioun aus dräi internen an dräi externe Memberen - an dësem Fall d’Katalin Ligeti, Doyenne vun der Fakultéit – d’Interessekonflikter net wéi an der Uni hirer Rekrutementsprozedur virgesi beim BAP gemellt hat. D’Interessekonflikter u sech sinn nämlech keng Seelenheet; d’Spezialisten aus engem Fach begéine sech alt ënnerteneen op hirem akademesche Parcours. Ma justement dofir si Reegele virgesinn, wéi domat ëmzegoen ass. Déi goufen hei net agehalen. An der Äntwërt vum BAP op d’Plainte heescht et: “ In conclusion, the shortlisting process for the position in question is subject to two confirmed irregularities concerning ROI 260 (Conflits d’intérets, Ndlr) on the one hand, and the duty of the committee chair to inform the BAP of any reported conflict of interest as defined in the Academic Recruitment Procedure on the other.”
Den BAP huet an dësem Fall awer och festgestallt, datt d’Krittären, déi d’Rekrutementskommissioun, fir d’Auswiel vun de Kandidaten, déi et bis an en Interview géife packen, net mat de Reegelen iwwertenee gestëmmt hunn. An der Äntwert vum BAP op d’Plainte heescht et dozou: “The assessment in question cannot, however, be considered in strict accordance with the applicable provisions of the recruitment Procedure. (...) With respect to the shortlisting process for the International (Space) Law position, I have pointed out the lack of accordance of the used criteria and rules (...)”
Wärend déi offiziell Prozedure virgesinn, datt d’Kandidaten op Basis vun den Ufuerderungen am ausgeschriwwene Profil “gesënnert” ginn, gouf hei als ee vun zwee gewiichtege Kritären “Adequacy for the position” benotzt, also ob e fir d’Positioun gëeegent ass. E näischt soende Gummiparagraph, deen et erméiglecht, Kandidate ze sënneren, ouni genee ze préiwen, ob se dem Profil entspriechen. Ufuerderungen, wéi Experienz am Cours halen, déi bei der Ausschreiwung vum Poste gefrot waren, waren an der benotzter Grille manner gewiichteg. Obschonns d’Rektorat iwwert dëse Fall informéiert war – soss hätt de Jens Kreisel de Rekrutement net annuléiert - huet d’Vize-Rectrice Simone Niclou den Deputéierten an der Chamberkommissioun assuréiert, queesch duerch all d’Unisdepartementer géifen déi nämmlecht Auswiel-Krittären aus der Rekrutementsprozedur applizéiert ginn.
Obwuel de Recteur Jens Kreisel d’Annulatioun vum Rekrutement de 27. Januar an der Chamberkommissioun annoncéiert hat, gouf dës Decisioun der Fakultéit réischt bal eng Woch dono, den 2. Februar matgedeelt. Dat nodeems RTL nogefrot hat, ob d’Interviewen, déi fir de Mëttwoch 4. Februar annuléiert wieren. Op d’Fro, wéini d’Kandidaten an extern Kommissiounsmemberen informéiert goufen, datt d’Interviewen, fir déi si aus dem Ausland sollten ureesen, annuléiert wieren, wollt d’Uni net äntweren.
D’Uni huet et och virgezunn, net ob d’Fro ze äntweren, ob d’Doyenne Katalin Ligeti, déi als Presidentin vun der Kommissioun fir d’Feeler responsabel war, an den Dirk Zetzsche, den Departementschef, och nees dobäi wieren, wann de Posten nei ausgeschriwwe gëtt. Eng Fro, déi net onwichteg ass. Och well sech Kandidaten, déi am éischten Tour matgemaach hunn, schwéierlech e fairen Traitement kënnen erwaarden.
Dës schéngen net déi eenzeg Rekrutements- oder Promotiounsprozedure vun der Uni ze sinn, déi a Fro ze stelle sinn. RTL weess vun enger Prozedur beim Lëtzebuerger Zentrum fir Europäescht Recht (LCEL), dem fréieren Max-Planck-Institut, bei där de PHD-Superviseur vun engem Kandidat als interne Member d’Kommissioun presidéiert huet.

Parallel zu den Ënnerstëtzungsbréiwer, déi d’Uni a Schutz huelen, reegt an organiséiert sech awer och Widderstand. De Geschichtsprofesser Benoît Majerus vum Zentrum fir zäitgenëssesch an digital Geschicht (C2DH) huet sech e Freiden an engem Post op der Plattform Linkedin Kritik um Virgoe vun der Uni geäussert. Zwar kéint hien net jugéieren, ob déi mediatiséiert Fäll e systeemesche Probleem op der Uni géinge beweisen. Mee d’Reaktiounen dorop wieren op méi Niveaue problematesch: “Disqualifying people by labelling them as ‘frustrated individuals’ runs counter to everything the university claims to teach in the courses that all members of the institution are expected to follow. Critizing them for allegedly endangering the university’s international reputation only reinforces this contradiction. Shooting the messenger – in this case the press – is not only a highly questionable response, but also a dangerous practice at a time when the press is already under significant pressure”, schreift de Benoît Majerus. “If there is a systemic problem at the University of Luxembourg, it is the failure to create spaces for open and explicit confrontation.” Et géif just eng Gewerkschaft, d’Ofstëmmungen am Conseil universitaire wiere meeschtens unanime. Hien seet och, et wier révélateur, datt de Konflikt doduerch lass gaange wier, datt sech méi Kandidaten aus der FDEF fir de Conseil universitaire zur Wal gestallt hätten - déi véier Mataarbechter, déi beim Verwaltungsgeriicht geklot hunn, féieren hir net Net-Promotioun op dës Wal zeréck.
Parallel organiséiert sech Widderstand am Netz. Ënner Organise Uni.lu fënnt een e Manifest vun engem “besuergte Grupp vu Studenten an Akademiker”, fir sech ënnerteneen z’organiséieren a Kanäl ze schafen, déi net vum Rektorat kontrolléiert ginn. “Our power comes from our solidarity as we share the same reality within the university. Many students, academics and administrative staff members have been reprimanded, pushed out, or thrown out for not being in step with the rectorate. Many of us have had to make choices due to being pressured by the rectorate to leave, which, in turn, puts our future, our families well-being, and/or our careers at risk.”
Eisen Informatiounen ass den 11. Februar eng Reunioun vun der Fakultéit fir Droit, Ekonomie a Finanzen aberuff ginn.
*D’Auteure war an de Joren 2021/2022 als Studentin op der Uni Lëtzebuerg ageschriwwen.