
Géint 14:30 Auer ass zu Réimech op der Route du Vin eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Réimech an d'Ambulanz vu Beetebuerg.
Um 15 Auer war et an der Rue de Trèves um Findel en Tëschefall mat engem Quad. Och hei ass eng blesséiert Persoun an d'Spidol ageliwwert ginn. D'Ambulanz vu Mamer an d'Stater Pompjeeë waren hei op der Plaz.
Zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe war et um 15:30 Auer tëscht Bech-Klengmaacher a Réimech komm. D'Pompjeeë vu Schengen an d'Ambulanz vu Réimech hu sech ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Géint 16:30 Auer krut zu Sprénkeng an der Route de Longwy e Chauffer en Obstakel ze paken a gouf dobäi blesséiert. D'Pompjeeë vun Dippech an d'Ambulanz vum Zenter Sadiff waren am Asaz.
Donieft war zu Viichten op der Haaptstrooss eng Poubelle a Brand geroden. D'Pompjeeë vu Viichten an Useldeng, grad sou wéi d'Ambulanz Nordstad waren op der Plaz.