Op eise Stroossen4 Blesséierter bei Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Um 17.10 Auer en Donneschdeg den Owend hate sech tëscht Léiweng an dem Beetebuerger Kräiz op der A3 en Auto an e Moto ze pake kritt.

Eng Persoun gouf hei blesséiert. D’Ambulanz vun Diddeleng an d’Secouriste vu Réiser a Beetebuerg waren op der Plaz.

Ronn 20 Minutte méi spéit waren dann an der Route de Belvaux zu Uewerkuer 2 Autoen aneneegerannt. D’Ambulanz vun Esch an d’Secouriste vum Asazzenter Suessem-Déifferdeng hu sech hei ëm ee Blesséierte gekëmmert.

Eng weider Persoun gouf da blesséiert, wéi géint 1.30 Auer e Freideg de Moien um CR149 tëscht Ierpeldeng an Eleng en Auto accidentéiert war. Hei waren d’Secouriste vu Réimech a Munneref am Asaz.

An och zu Leideleng gouf et e Freideg de Moie géint 9.50 Auer en Accident, wéi e Motocyclist gefall war a sech dobäi blesséiert huet.

Back to Top
CIM LOGO