
Géint 17.23 Auer koumen zu Fëlschdref an der Lëtzebuergerstrooss e Moto an en Auto net laanschteneen. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vum Samu aus der Stad versuergt. Donieft waren d’Rettungsdéngschter vu Réimech an Duelem op der Plaz.
D’Rettungsdéngschter vu Réimech, grad ewéi d’Ambulanciere vu Mäertert goufen dann nach kuerz virun 22 Auer an d’Wäistrooss op der Hëttermillen geruff, nodeems et hei tëscht zwee Autoe geknuppt hat. Am Ganze goufe 4 Persoune bei der Kollisioun verwonnt.