CGDIS4 Blesséierter no Accident tëscht Buerschent a Buerschter Millen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg kuerz no 20 Auer sinn um CR308 zwee Autoe frontal anenee gerannt. De schëllegen Automobilist hat ze vill gedronk.

E Chauffer, dee vu Buerschent koum war op déi aner Stroossesäit geroden a krut do en aneren Auto frontal ze paken, obwuel deen nach probéiert hat den Accident ze evitéieren. A béide Gefierer souzen 2 Persounen. Wéi de CGDIS mellt, goufen alle 4 Persoune blesséiert. Op der Plaz waren 2 Ambulanzen aus dem Asazzenter Nordstad an d’Pompjeeë vu Buerschent.
De Chauffer, dee mat sengem Auto op déi aner Spuer gerode war, hat ze vill Alkohol am Blutt. Hie krut nach op der Plaz de Fürerschäin ofgeholl.
D’Pompjeeë vu Koplescht, Mamer, Kielen an aus der Stad waren um Méindeg de Moie géint 4.30 Auer iwwerdeems um Briddel am Asaz. Do hat et op engem Balcon an enger Residenz gebrannt. Et blouf beim Materialschued.

Um Méindeg de Moie géint 7.15 Auer gouf e Brand an der Stad an der Rue Auguste Lumière gemellt. D’Stater Pompjeeë waren op der Plaz. Et blouf beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO