
An engem Fall soll et sech ëm sexualiséiert Gewalt Enn den 30er Joren duerch e Geeschtleche gehandelt hunn, vun där en Affer reportéiert huet, dat zum Ament vun den Iwwergrëffer mannerjäreg war.
Bei den aneren 3 Fäll handelt et sech em physesch Gewalt, woubäi zwee Mol och emotionell Gewalt mat am Spill war.
De Generalvikar Patrick Müller huet alle 4 Signalementer wéi gesot un de Parquet weider gereecht.
Ee Mëssbrauchsaffer krut iwwerdeem zejoert vum Bistum eng finanziell Entschiedegung fir d’Leed iwwerwisen, dat him ugedoe gouf.
Zanter 14 Joer gëtt et eng Hotline, wou sech presuméiert Mëssbrauchsaffer bei der Lëtzebuerger Kathoulescher Kierch kënne mellen - dëst ass den 621 676 349 (freides tëscht 9 an 11 Auer). Et kann ee sech awer och zu all Moment via Email mellen, dat um fir-iech-do@cathol.lu.
Kontaktpersoun ass d’Martine Jungers, déi och responsabel ass fir d’Mëssbrauchspreventioun. An deem Kontext hunn zejoert eng 160 Leit, déi fir d’Kathoulesch Kierch schaffen oder aktiv sinn, un am Ganzen 13 Formatiounen deelgeholl.