
E Samschdeg géint 19.30 Auer gouf en Auto zu Schëndels gemellt, deen eng Pann hat. D’Zeie sinn dovun ausgaangen, dass de Chauffer eventuell ënner Alkoholafloss stoung. Dat sollt sech dann och bei der Kontroll bestätegen. De Wäert war duebel sou héich, wéi vum Gesetz erlaabt.
Um Sonndeg géint 4.20 Auer ass enger Policepatrull e Chauffer opgefall, deen am Zickzack ënnerwee war. Och hei war den Alkoholtest positiv.
Op der A13 a Richtung Féiz hat en Automobilist seng Problemer d’Riicht ze behale mat sengem Gefier. De Won konnt géint 5.45 Auer op der Héicht vu Fréiseng gestoppt ginn an et huet sech bewisen, dass de Chauffer ze déif an d’Glas gekuckt hat.
Um Sonndeg géint 10.30 Auer huet eng Mataarbechterin vun enger Pompelstatioun um Sennengerbierg sech bei der Police gemellt, well en Automobilist mat sengem Gefier an e Luuchtepotto gerannt war. De schëllege Chauffer ass duerno an d’Tankstell eragaangen, éier e sech dunn ouni säin Auto ze Fouss op den Heemwee gemaach huet. Um Parking huet d’Police de beschiedegten Auto fonnt. De Mann selwer gouf doheem vun de Polizisten ugetraff. En huet zouginn den Accident gehat ze hunn. Dat huet en awer net virdru geschützt och en Alkoholtest mussen ze maachen... an och do war d’Resultat positiv.
An alle Fäll gouf de Fürerschäin nach op der Plaz agezunn.