Um Dënschdeg an um Mëttwoch4 Leit festgeholl no Abréch am Norde vum Land, och soss eng Rei Déiwen ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg goufen Abréch an ee Café zu Donkels an an e puer Gefierer zu Ischpelt gemellt.

No enger Enquête konnte 4 presuméiert Täter ermëttelt a festgeholl ginn.

An der Nuecht op e Méindeg gouf een Abroch an een Eefamilljenhaus zu Hielem an der Rue Fritz Bintner gemellt. Den Déif war duerch d’Fënster erakomm an huet ënner anerem en Auto geklaut.
Um 4.45 Auer gouf an e Bürosgebai an der Rue Romain Fandel zu Esch agebrach. Och hei gouf sech duerch eng Fënster Entrée an d’Gebai verschafft.

Dernieft gouf an der Nuecht op e Mëttwoch an eng Rei Autoen agebrach an der Rue du Verger um Verluerekascht, an der Lëtzebuerger Strooss zu Steebrécken an an der Rue du Laboratoire an der Stad.

Back to Top
CIM LOGO