
Am Prozess ëm e brutalen Iwwerfall op eng eeler Koppel, am Dezember 2008, an där hirem Appartement zu Bäreldeng goufen en Donneschdeg méi gedam Strofen, wéi vum Parquet gefuerdert, gesprach. Hat deem säi Vertrieder Prisongsstrofe vun tëscht 7 Joer mat méiglechem Sursis a 16 Joer fest gefrot, hu sech d'Riichter fir tëscht Fräisproch an 10 Joer fest entscheet.
Fir dee Mann, deen net op der Plaz vum Iwwerfall war, dem Vertrieder vum Parquet no awer de Kapp dovu war, koum et zum Fräisproch. Entgéint der Meenung vum Vertrieder vum Parquet, dass en Iwwerschreide vum sougenannten Délai raisonnable net virléich, hunn d'Riichter deen awer fir déi 4 aner Beschëllegt festgehalen. Soudass hir Strofe mat zweemol 10 Joer (woubäi fir den Haaptugeklote keng Onzourechnungsfäegt zréckbehale gouf), eemol 8 Joer, 5 dovu mat Sursis, an eemol 5 Joer mam Sursis och méi niddreg ausgefall si wéi dat, wat de Vertrieder vum Parquet gewënscht hat. Déi 4 Veruerteelt mussen der Fra, déi deemools iwwerfall gi war, donieft 15.000 € Schuedenersatz an 10.000 € Provisioun bezuelen. Eng Expertise soll doriwwer eraus de geneeë Schued vun der Fra festleeën.
Nom Uerteelssproch huet de Me Ahmed-Boudouda, Affekot vum zweete Mann, deen zu 10 Joer Prisong condamnéiert gouf, vu verstännege Strofe geschwat, am Verglach mam Requisitoire vum Parquet. Et kann een also dovun ausgoen, dass op d'mannst säi Client éischter keen Appell géint dat Uerteel aleet.
Déi 5 Ugekloten hate reprochéiert kritt, hir Affer vun deemools 73 an 83 Joer geschloen, mat engem Revolver an engem Messer menacéiert an ë.a. Suen a Bijoue matgoe gelooss ze hunn.
RTL-Artikel: Brutalen Iwwerfall: Tëscht 7 Joer mat Sursis a 16 Joer feste Prisong gefrot